S T A R T E S K
Klengen Tranporter Lang

ÄR Transportproffien

Är Transportproffien

img

Är Experten fir Transportservice

Plënneren, Haus-, Wunnengs- oder Geschäftsopléisungen, Liquidatiounen, Miwweltransport a -lagerung esouwéi fachgerechte Recyclage - Klengen Transport Lang ass eng lëtzebuergesch Entreprise an Ären Expert fir serviceorientéiert Transportprestatiounen zu Lëtzebuerg an am Ausland.

Iwwer eis
Cargo

Eis Servicer

img

Plënner-Transport

Mir ënnerstëtzen Iech beim Plënneren an erspueren Iech mat eiser Erfarung an eiser Expertise ganz einfach den Transportstress.

img

Opléisungen & Liquidatiounen

Geschäfts-, Wunnengs- an Hausopléisungen, Raume vu Lageren, Kelleren a méi – mir entrümpelen an entsuergen op Wonsch Haushalts-géigestänn an Offall.

img

Miwweltransport a -lagerung

Dir wëllt Miwwelstécker oder Haushaltsapparater transportéieren an/oder lageren? Mir suerge fir ee sécheren Transport, resp. zouverlässeg Lagerung.

img

Recyclage

Eng fachgerecht Entsuergung huet fir eis héchst Prioritéit. Aus dësem Grond iwwerhuele mir fir Iech de Recyclage vu verschiddene Materialien an Haushaltsgéigestän

Eng kompetent Ekipp

Eis Ekipp besteet aus forméierten Transportsexperten, déi Lëtzebuergesch, Däitsch a Franséisch schwätzen. Vu méindes bis freides si mir fir Iech am Asaz a meeschteren dobäi zuverlässig a prezis all Aufgaben zu Ärer vollster Zefriddenheet.

Fair Präisser & Sécherheet

Mir leeë Wäert op ang perséinlech Berodung a besichen Iech no Ärer Ufro am léifsten op der Plaz.Esou kënne mir den Aarbechtsopwand am beschten aschätzen an Iech eng fair Offer maachen, déi op Iech zougeschnidden ass – ouni verstoppte Käschten.

Grousst Asazgebitt

Eis Entreprise ass zu Habscht néiergelooss. Mee mir stinn Iech am ganze Grand-Duché an den ugrenzende Regiounen an eise Nopeschlänner zur Verfügung. Schwätzt eis einfach un a mir besichen Iech esou séier wéi méiglech op der Plaz.

Ronderëm geschützt

Bei eiser Aarbecht setze mir op héchst Prezisioun a behandelen all Transportstéck esou gutt, wéi wann et eist eegent wier. Falls et entgéint alle Precautiounsmesuren awer zu engem Schued kënnt, sidd Dir duerch eis Haftflichtversécherung geschützt.

Dir braucht eis Hëllef?

Maacht elo e gratis Rendez-vous a mir kommen eis op d'Plaz en Iwwerbléck maachen.

Rendez-vous huelen
img